
De 14. Dezember 2011 ass d'Première vun dem neie Programm am CCRN am Sall Robert Krieps
Elo fro der Iech sécher ... Wat soll dat ? ... Wat heescht dat do dann elo?
Mä, maache si et dann net och esou? Déi Grouss ... aus der Politik a Wirtschaft... déi grouss Eminenzen... verstoppe se sech net och hanner Wierder... Nei Wierder, déi kee Mënsch versteet, gezwafft a benotzt fir datt mer mengen, se hätten d'Welt nei entdeckt. En neit Wuert als eenzegt Mëttel fir Problemer ze léisen, fir Inkompetenz, Onwëssen, Muechtlosegkeet an Ofhängegkeet ze verstoppen?
Duerfir gi mir en aalt Wuert erauskropen... fir eist ze soen!!!
et spillen : Monique Melsen – Marcel Heintz – Al Ginter – Karin Seywert
Texter : Rol Gelhausen – Jhemp Hoscheit – Al Ginter – Claudine Muno – Lucien Czuga
Musek : Paul Dahm a Camille Nanquette
Regie : Guy Geimer
Technik : Marc Georges
Dekoren : Anouk Schiltz
Kostümer : Sylvie Hamus a Cristina Kneip